Wollts du schonn ëmmer eng Kéier dem Misärshaff däi Stempel opdrécken? Eppes erschaffen wat d’Zäit (opmannst e puer Joer) iwwerwënnt? An dobäi niewelaanscht nach puer nei Skills léieren, déi net méi scoutsméisseg kéinte sinn. Dann ass dëse Schnëtzweekend genee dat Richtegt fir dech.
Wat erwaart dech?
Du léiers den sécheren Ëmgang mat verschidden Aarten vun der Holzbeaarbechtung (Handgeschier a Maschinnen) op engem fir deng Ekipp preparéierte massive Stéck Holz. Denger Ekipp hir Skizz gëtt nom Seeën, Fräsen, Schnëtzen, Raspelen, an Schläifen an 2 Deeg zum Deel vun enger Skulptur déi um Misärshaff soll stoe bleiwen. Mir verbréngen d’Nuecht am Zelt, gekacht gëtt um Feier (d’Holzspéin mussen jo iergendwéi fort...) a wann ee matkënnt deen Gittar spillt an se dobäi huet, hu mer och en Owesprogramm. Geschichtenerzieler, Feierspäizer oder Änleches sinn och wëllkomm.
Wéini a wéi kanns de matmaachen?