De Misaershaff feiert 30 Joer !
Am Joer 1993 kruten d’FNEL Scouten a Guiden, mat der Ënnerstëtzung vum Staat an der Gemeng Rammerech, eng vun de schéinste Plazen aus onsem Ländche fir do mat de Kanner a Jugendlecher ze campéieren a fir de Cheffen eng adequat Formatioun unzebidden.
No 10 Joer Renovatiounsaarbechte gouf den Haff duerch de Chef Scout, de Groussherzog Jean, feierlech inauguréiert.
Dat neit Haus ass op fir all Kanner- a Jugendgruppen aus dem In- an Ausland: Schoulklassen, Pompjeeën, Maisons Relais, Kultur- a Sportsveräiner a natierlech Scoutsgruppen.
Am Haus si 6 Dortoirë mat 40 Better, e Refectoire, e schéine grousse Festsal mat oppenem Feier an eng professionell Kichen. 160 Leit kennen an Zelter op de 7ha grousse Wisen iwwernuechten, dat direkt bei der Misärsbréck an dem Stauséi.
Hecken, Beem an en Uebstbongert goufen ugeplanzt. Am Joer 2012 koum ons Eco-Cabane derbäi, di fir emweltpedagogesch Aktivitéiten zur Verfügung steet, dëst an Zesummenaarbecht mam Centre de découverte de la forêt Burfelt.
De Stauséi an d’Natur ronderëm bidden en idyllesche Kader wou di jonk Leit d’Natur erliewe kënne. De Misaershaff läit an enger Natura2000 Zone an dem Drénkwaasserschutzgebitt vum Stauséi. Da bréngt eng Rei Oplage mat sech awer och d‘Chance de Jongen a Meedercher grad déi Zesummenhäng ze erklären an si ganz praktesch fir Ëmwelt a Natur ze sensibiliséieren.
Mir fillen ons wuel an eisem Doheem um Stau. De Misaershaff, op fir Jiddereen, soll och weiderhin attraktiv bleiwen. Dofir engagéieren sech eng ganz Partie Benevoler!