bis den MUH si et nach

Le Maart um Haff a obtenu le logo „Green Events“ pour son organisation respectueuse de l’environnement. Le logo est décerné dans le cadre du projet «Green Events» par le Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité. Plus d’informations sur : www.greenevents.lu
Am Sënn vum Scoutismus versiche mir eis Eventer méi nohalteg ze gestalten an dofir ass de Maart um Haff ee Green Event.
Mir versichen de Ressourcëverbrauch maximal ze reduzéieren andeems mir haaptsächlech op Bio- a Regionalproduite bei eisen Iess-a Gedrénksstänn zeréck gräifen.
Mam Spullweenchen hunn mir d’Méiglechkeet eis Platen op Telleren an d’Gedrénks a Glieser ze zerwéieren. an iwwerall do wou et méiglech ass, op Eewee-Artikelen a Plastik ze verzichten.
Eise Reschtoffall gëtt op e Maximum reduzéiert andeems mir alles richteg trennen a recycléieren.
Denkt och un är Akafstut, wann dir ee flotte Kaddo op engem vun de sëllege Stänn fannt.
Ausserdeem kënn dir vun eiser gratis Navette, déi iech vun Rammerech oder Bauschelt op den Misèrshaff bréngt, profitéieren.

Ateliers

De ganze Dag get vill gebueden:
  • Outdoorkichen - Kaachen um Feier
  • Naturfoto vum David Wagener
  • Trëppeltour Biber - ANF Burfelt
  • Ambulanz a Pompjeewon - CGDIS
  • ons Musikanten - Les Brasseurs
  • Entdeckermobil - Naturpark
  • Broutbaaken
  • Fotobox
  • Schlësselunhänger
  • Glëcksrad - Réidener Luchsen
  • Ieselen - Om Béchel
  • artisanal Glaspärelen
  • Velococktailbar
  • Stackbrout/Marshmallow - Koll a Aktioun
  • Outdoor a Feier - Wildnis asbl
  • T-shirt - Siebdruck - Emma Schütz

Maartstänn

Drëppen Clos du Fourschenhaff
Hunneg Georges Guirsch
Messeren Michel Donven
Artisanat Nepal ONGD FNEL
A lights a Juwelen by Lena
Wäin a Wëldpaté Munnerëfer Mäis
Holzartikelen Jan Lopes
Keramik Klatze Kätt
Seefen Seefekëscht by Lynn Mangen
Infostand a Som Ouni Pestiziden
Shop Naturpark Uewersauer
Info Stand SICONA
Planze a Stauden op der Schock
Fleesch aus dem Géier Lex Killburg
Schokola Tricentenaire
Scoutsshop FNEL
T-shirts Äddi&Merci
Béier "are we friends" Ted Ury
Stepps Art
Konscht aus dem Géier Romy Morang

Iessen a Drénken

Outdoorcooking Äppelbeignet
Spigelee am Brout
Paangech
Munnerefer Mais Wëllt Pâté
Ratatouille
Kaffi’s Stuff Eisekuch
Fairtrade Kaffi (bio)
Flammkuchen aus dem Holzuewen Flammkuchen mat Speck
Flammkuchen mat Champignonen
Smoothie Bike
Mix your own cocktail
Smoothie (bio) Dir kënnt iech max. 2 Uebstzoorten eraussichen: Orange, Fairtrade Banane, Ananas - Mat Multivitamine oder Waasser vermëscht.
Iessstand ONGD Gromperekichelcher mat Saumon (bio) oder Äppelkompott
Fritten
Mëttwurscht vum Marcassin
Grillwurscht vum Réi
Pulled Porc Burger vum Wëllschwäin
Krautkind Wëllkraiderzopp

De Misaershaff

Am Joer 1993 kruten d’FNEL Scouten a Guiden, mat der Ënnerstëtzung vum Staat an der Gemeng Rammerech, eng vun de schéinste Plazen aus onsem Ländche fir do mat de Kanner a Jugendlecher ze campéieren a fir de Cheffen eng adequat Formatioun unzebidden.
No 10 Joer Renovatiounsaarbechte gouf den Haff duerch de Chef Scout, de Groussherzog Jean, feierlech inauguréiert.
Dat neit Haus ass op fir all Kanner- a Jugendgruppen aus dem In- an Ausland: Schoulklassen, Pompjeeën, Maisons Relais, Kultur- a Sportsveräiner a natierlech Scoutsgruppen.
Am Haus si 6 Dortoirë mat 40 Better, e Refectoire, e schéine grousse Festsal mat oppenem Feier an eng professionell Kichen. 160 Leit kennen an Zelter op de 7ha grousse Wisen iwwernuechten, dat direkt bei der Misärsbréck an dem Stauséi.
Hecken, Beem an en Uebstbongert goufen ugeplanzt. Am Joer 2012 koum ons Eco-Cabane derbäi, di fir emweltpedagogesch Aktivitéiten zur Verfügung steet, dëst an Zesummenaarbecht mam Centre de découverte de la forêt Burfelt.
De Stauséi an d’Natur ronderëm bidden en idyllesche Kader wou di jonk Leit d’Natur erliewe kënne. De Misaershaff läit an enger Natura2000 Zone an dem Drénkwaasserschutzgebitt vum Stauséi. Dat bréngt eng Rei Oplage mat sech awer och d'Chance de Jongen a Meedercher grad déi Zesummenhäng ze erklären an si ganz praktesch fir Ëmwelt a Natur ze sensibiliséieren.
Mir fillen ons wuel an eisem Doheem um Stau. De Misaershaff, op fir Jiddereen, soll och weiderhin attraktiv bleiwen. Dofir engagéieren sech eng ganz Partie Benevoler

Wat a wie sinn d’FNEL Scouten?

Zu Lëtzebuerg ass de Scoutissem 1914 entstanen. Am Joer 1922 ware mir mat Grënnungsmember vu WOSM (World Organization of the Scout Movement) der gréisster Jugendbeweegung vun der Welt di haut 57 Millioune Jongen a Meedercher zielt.
Scoute sinn en edukative Mouvement: Learning by doing, Zesummen am Grupp spillen, erliewen, plangen a Responsabilitéit iwwerhuelen an dobäi ëmmer säi perséinlecht Bescht ze ginn, dat ass eist Zil.
De Jongen a Meedercher d‘Waerter wéi Éierlechkeet, Demokratie, Toleranz a Respekt mat op de Wee ze ginn ass ons e wichtegt Uleies.
De Kader vun onsen Aktivitéiten ass d’Natur. Zënter der Grënnung vum Scoutissem am Joer 1907 ass d’Natur dat zentraalt Element vun onser Method. D’Natur erliewen, kenneléieren, schützen, sech dofir engagéieren! Dofir setze mir ons an.

More information

Lokal Gruppe

Am Kanton Réiden huet d’FNEL (www.fnel.lu) zwee Scoutsgruppen:
  • d'Rammericher Fräschen - www.fraeschen.lu an
  • d'Réidener Luchsen - www.luchs.lu

More information

  • Vu 10 Auer Moies bis Owes fiirt eng Navette all 15min vu der Kierch zou Bauschelt iwwert den Misaershaff an d'Z.I. Riesenhaff bis bai d'Schoul vu Kiescht an zereck.
    Beim a ronderëm de Haff selwer w.e.g. NET parken!
    Bus
    Zuch
    Auto
    Velo
    Map
    Kommt op de Misaershaff: einfach a séier
Gare Ettelbruck
28km
Gare Arlon
29km
Letzebuerg Stad
45km
Aeroport Findel :)
50km